Wéi wielen:
Den Dag vun de Wahlen
Den 8. Oktober 2017 mussen all d’Lëtzebuerger an d’auslännesch Residenten, déi sech an d’Wielerlëschten agedroen hunn, wiele goen, fir d’Membere vum Gemengerot an hirer Gemeng ze wielen.
D’Biergeramt (Administration communale) schéckt all de Wieler spéitstens 5 Deeg virun de Wahlen eng Lettre de convocation mat all den néidegen Instruktiounen.
Den Dag vun de Wahle musst Dir:
- tëschent 8 a 14 Auer an de Wahlbüro vun der Gemeng, an där Dir wunnt, goen.
- Är Lettre de convocation oder eng valabel Pièce d’identité (Carte d’identité, Pass) mathuelen.
Duerno gitt Dir just nach an d’Wahlkabinn a gitt Är Stëmm of.
Bréifwal
D’Méiglechkeet, per Bréifwal ze wielen, gëllt just fir folgend Persounen:
- Wieler, déi aus berufflechen oder perséinleche Grënn, déi uerdnungsgemäss begrënnt musse ginn, net perséinlech an hiren zoustännege Wahlbüro kënne goen
- Wieler, déi 75 Joer oder méi hunn.
source & weider Infos: http://www.jepeuxvoter.public.lu/lb/voter.html